Den 10. Oktober 2022 huet den EU-Deputéierte Rob Roos (JA21) ‘Vertrieder vu Biontech-Pfizer am Kader vun enger Kommissionssëtzung zum COVID-19 mat der Fro konfrontéiert, ob hiren Impfstoff virum Maartantrett doropshi getest gouf, eng Iwwerdroung vum Virus ze verhënneren. Des Fro gouf mat “Nee “beäntwert.
Op en Neits goufen all déi Leit bestätegt, déi vun Ufank u virun engem iwwerstierzten Asaz vun den MRNA-Gentherapie gewarnt hunn. Duerfir, datt si des éierlech Suergen em hir Gesondheet, déi vun hire Famillen an hire Matbierger geäussert a sech geweigert hunn als onbezuelt Testpersoun (“Versuchskaninchen” Olaf Scholz) un desem Experiment deelzehuelen, goufe si mat staatleche Repressioune gestrooft, déi enger ziviliséierter Gesellschaft absolut onwierdeg waren. Mam COVID-Gesetz vum 16. Dezember 2021 goufen si komplett vum soziale Liewen, d.h. vu Restauranten, Terrassen, Chrëschtmäert, Sport- a Kulturzentren asw. ausgeschloss. Vum 15. Januar un hunn si durch den Testzwang op der Aarbechtsplaz dunn och nach eng implizitt Strofsteier misse bezuelen, fir iwwerhaapt dierfe schaffen ze goen.
Hir verfassungsméisseg Grondrechter, déi fir d’Madamm Justizminister op eemol “relativ” ware goufe mat Féiss getrëppelt an international renomméiert Experten, déi zur Unhéierung vun der Petition 1950 an d’Chamber koumen an ebenfalls d’Aschätzung vu ville Letzebuerger Bierger confirméiert hunn, goufe viru lafender Kamera vu gewielte Volleksvertrieder an d’Lächerlecht gezunn. An dat alles mam verlugenen Argument, datt een sech net fir sech selwer impfe leisst, mee fir déi aner, dat elo, wei schonn am Abrell 2021 an enger Matdeelung vun der FDA als besserwëssereschen Iertum vu fakteresistente Vollekspädagogen entlarvt gouf. Weider Diskussionen, zum Beispill em d’Niewewierkunge wieren dréngend ze feieren.
D’ADRenalin fuerdert dohier:
- en onofhängege Bilan vun der COVID-Politik;
- eng offiziell Entschëllegung vu sämtleche Regierungsmemberen an Deputéierten déi sech
géint déi Leit gestallt hunn, déi ze vertrieden si gewielt waren; - eng offiziell Entschëllegung vun all betraffene Mandatsträger bei der Familljemembere vum verstuerwenen Nobelpräisträger Luc Montagnier;
- eng faktebaséiert Diskussion iwwer d’Risiken an d’Niewewierkunge vun den Impfstoffer géint de COVID-19 an eng entspriechend Aussetzung vun all offizieller Impfempfeelung;
- sämtlech Donnéeën, déi am Kader vum COVID-Check erhuewe goufen, ze läschen;
D’ADRenalin seet an deem Zesummenhang e besonnesche Merci un:
– d’Organisateure vun der Marche Blanche;
– un all déi Bierger, déi sech Samschde fir Samschdeg am Kampf fir d’Grondrechter – un de Maniffen an der Stad bedeelegt hunn;
– un all déi Bierger, déi sech Meindeg fir Meindeg a villen Uertschaften zum COVID-Spadséiergang afonnt hunn;
– den ADR-Deputéierten déi konsequent géint des onrechtsstaatlech Gesetzer gestemmt hunn an zu gudder Lescht dem Roy Reding, deen sech no der Regierungspressekonferenz vum 29. November 2021 wei keen anere Volleksvertrieder ëffentlech schützend virun all déi betraffe Leit gestallt huet.