D’Adrenalin leent eng gendersensibel Sprooch of. Wei sech eng Persoun identifizéiert ass hir privat Saach. Dozou kennt, datt des gendersensibel Sprooch grammatikalesch falsch ass.
Mir sinn och dogéint fir nei Geschlechter op engem offiziellen Niveau anzeféieren.
D’Argument, datt ‘Geschlecht keng Fro vun den Organer mee vum perséinleche Wellen ass, respektiv, datt d’Geschlecht engem soziale Konstrukt entspréngt, gesi mir als Widdersproch zu der Biologie a maachen eis déi Iddi duerfir net zu eegen. D’Realitéit ass, datt een hautzedaags zu Lëtzebuerg scho säi Geschlecht ewéi och säin Numm an engem offiziellen Dokument ouni en Attest vum Dokter oder medezinesch Operatioun ëmännere kann. Leit déi un enger psychologescher Geschlechtsentwécklungsstéierung leiden, hunn awer natierlech eise Support. Hei handelt et sech m eng biologesch Konditioun déi ee genee beobachte soll. Mir als Adrenalin ênnerstêtzen eng Fakten-baséiert Kommunikatioun, a si géint een Genderwahnsinn. An eisen Aen stellt déi ganz Genderdebatt just en Instrument duer, dat verschidde Leit benotze fir sech selwer ze stärken andeems se eng linguistesch Iwwerleeënheet an der ëffentlecher Ried suggeréieren. Mir mussen och feststellen, datt eng gendersensibel Sprooch e Réckschrëtt vis-à-vis den Errongenschafte vun der Opklärung an der moderner Wëssenschaft duerstellt. Mir sinn der Meenung, datt d’Leit wäitaus méi wichteg Problemer am Alldag hunn (ëmmer méi deier Loyeren, steigend Energiepräisser) wei sech elo mat engem Fantasie-Konzept vun hirem Geschlecht auserneen ze setzen. Eis Sprooch ass dat preziist Instrument vun der Realitéit. All Versuch fir d’Sprooch mat Gewalt ëmzebauen ass een Ugrëff op eist Denken, ewéi e schonn am Roman “1984” vum George Orwell exemplaresch duergestallt gëtt.
D’ADRENALIN fuerdert dohier:
- Staatlech Verbänn – Jugendrot, Jugendparlament ewéi och den Zentrum fir politesch Bildung sollen sech un déi gülteg Rechtschreiwung halen.
- An de Primärschoulen soll ‘Konzept vun der biologescher Fluiditéit bei Mënschen, kategoresch ofgeleent ginn.
- An all edukativen Zenter, souwäit et zoutrefft, soll vermëttelt ginn, datt et bei Mënsche just eng binär Geschlechtsuerdnung gëtt.