Mir sti fir d’Souveränitéit vun eisem Land.
Mat agebonnen fir eis ass eng héich Liewensqualitéit an e kontrolléierte Wuesstem.
Den EU-Dirigismus, d’Massenawanderung an d’Energiewend si Problemer déi däitlech an anstänneg duerchdiskutéiert musse ginn.
Domadder eis Kultur, eis Traditioun an eis Sproch erhale bleift, beduerft et un enger däitlecher Reform fir erëm eis Lëtzebuerg als souverän a sou fräiheetlech wéi méiglech ze gestalten.
Firwat Sti Mir
Souveränitéit a Fräiheet
Sécherheet
D’Bierger mussen sech zu all Ablack op d’Garantie vun der bannenzeger Sécherheet verloosse kënnen. Mir sti fir eng Sécherheetspolitik déi Affer schützt a géint Täter konsequent duerchgräift.
Kafkraaft
Mir sinn d’Jugendpartei vun der Kafkraaft: Méi eege Verantwortung, manner Sozialstaat. Mir si géint ideologesch Steieren ënnert dem Virwand vun der Solidaritéit.
Mir ginn Iech Är Zukunft zeréck.
Mir sti fir e wäitsiichtegen a generatiounegerechten Ëmgang mat de Staatsfinanzen a fir d’Sanéierung vum Staatsbudget.
D’Massemigratioun stellt och e grousse Problem duer an ass fir déi explosiv Wunnengsskäschten matverantwortlech.
Mir setzen eis dofir an, datt d’Lëtzebuerger Bierger op kee Fall wéinst finanzielle Mëttele net kënne hei am Land bleiwen a wunnen.
Educatiounspolitik
Eng zukünfteg Generatioun déi e staarken an héich qualitativen Schoulsystem Duerchlaf huet, dréit automatesch zum wirtschaftleche Wuesstem vum Land bäi.
Mir wëllen och datt Diplomer, déi net direkt vun engem akademeschen Grad kommen, däitlech opgewäert ginn.
Familljepolitik an Gesondheet
Eng staark Famill ass den Garant fir eng staark Gesellschaft.
Och eng steierlech Entlaaschtung fir Elengerzéiend sollt an eisen Ann prioriséiert ginn.
Mir leeën och vill Wäert op den Ausbau vum Gesondheetssecteur, an fir d’Schaffen vu lukrativen Platzen fir déi Leit déi an dësem Beräich zu Lëtzebuerg schaffen.
Natur an Ëmwelt
D’Natur an d’Ëmwelt sinn haut staark betraff vun enger grénger Politik déi zerstéiert.
Mir stinn fir d’Erhalen vun eiser Biodiversitéit, fir eng héich Loft- a Wasserqualitéit a fir eng realistesch Energiepolitik.
Baussepolitik
Déi eelst a wichtegst Aufgab vun der Diplomatie läit am Erhalt an an der Stäerkung vum internationale Fridden. Lëtzebuerg bedeelegt sech un internationalen Institutiounen déi zum Ausbau vun der Vëlkerverstännegung bäidroen, ouni awer dobäi national Interessen aus den Aen ze verléieren.