Skip to main content
Allgemein

ADRenalin begréisst neien Éieremember Luc Frieden!

By 20. Juni 2023No Comments

Jang Modert 

Kommentar

Virun e puer Woche koum et zu engem Mëssverständnes tëschent der ADRenalin an dem fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden. Dëst, well den Här Frieden am RTL-Journal eng Koalitioun mat der ADR ausdrécklech ausgeschloss hat, souguer ouni déi entspriechend Decisioun vun de Bierger ofzewaarden. Wéi de Luc Frieden awer lo an enger vertraulecher Entrevue mat der Spëtzt vum ADRenalin-Nationalkommitee kloer gestallt huet, ass et him dobäi just ëm eng Distanzéierung vu senger fréierer Parteifamill gaangen, déi hien no engem Openthalt am Ausland net méi erëm erkennt a mat där eng Politik am beschten Interesse vun de Lëtzebuerger Bierger carrement ausgeschloss ass.

Op der Sich no enger neier politescher Heemecht ass hien dunn op de liberal-konservative Programm vun der ADRenalin gestouss, dee sech gréisstendeels mat deene Proposen deckt, déi hien den 19. Juni als Invité vun der Redaktioun an d’Gespréich bruecht huet. Weider distanzéiert de fréiere President vun der Handelskummer sech ausdrécklech vun de Fuerderungen no enger Ierfschafts- a Verméigenssteier, deelt eis Opfaassung zur Quellesteier a bedauert, datt seng fréier Partei géint d’Ofschafung vun der CO2-Steier gestëmmt an sech an der Fro vun der Indexéierung vun der Steiertabell laanscht eng kloer Entscheedung gedréckt huet.

No deem genannten Austausch, deen an oppener a konstruktiver Atmosphär gefouert gouf, koum den ADRenalin-Nationalkommitee unanime zur Opfaassung, datt den Här Frieden mat senger Kombinatioun aus fortgeschrattener Erfarung a Kontinuitéit vun ongebrachenem, jugendlechen Dynamismus souwéi och senger Proximitéit zum Vollek, alles Eegenschaften an deenen hie just vum US-President Jo Biden perséinlech iwwertraff gëtt, genee dee richtege Mann fir de Startschoss vun eisem laangfristege Projet vum “ADR-Staat” duerstellt.