Skip to main content
Allgemein

Autoindustrie: Trump begéinen, Kafkraaft stäerken

By 4. Dezember 2024No Comments

Autoindustrie – Trump begéinen, Kafkraaft stäerken

Kommentar: Jang Modert (Kommiteesmember)

De 6. November 2024 gouf den Donald Trump zum 47. President vun de Vereenegte Staate gewielt. Bei de kulturmarxisteschen EU-Eliten, mat Ausnam vun der ungarescher Rotspresidentschaft, huet d’Decisioun vum amerikanesche Vollek virun allem Kappwéi verursaacht. De Victor Orban, dee mat Ofstand wäitsichtegste Regierungschef um ale Kontinent huet onmëttelbar zur Berodung an déi schéi Stad Budapest agelueden. Ënnert senger Féierung gouf sech zu engem am Verglach zu de Joren 2016 – 2020, rationalen Ëmgang mam neien alen US-President duerchgerongen.

Wuelwëssend, datt dësen sech, esou wéi et sech fir e gudde Staatsmann gehéiert, fir d’éischt fir d’Interesse vu sengem eegene Vollek engagéiert, wëll een him en deementspriechenden “Deal” proposéieren. Just, vill Konkretes huet een nach net héieren. Duerfir hei eng Propose, souwuel am Sënn vun de Lëtzebuerger, wéi den amerikanesche Bierger. E grousse Sträitpunkt wärend dem Trump senger éischter Presidence waren déi héich Importzöller fir amerikanesch Autoen an d’EU. Deemools wéi haut leien se bei zéng Prozent, vis-à-vis vun 2,5 Prozent am ëmgekéierte Fall. Dorënner leiden amerikanesch Hiersteller an europäesch Konsumenten.

Konkret: Dir kaaft Iech e BMW dee fir 50.000 Euro an Amerika gebaut ginn ass:

50.000 Euro + 10 Prozent Zoll = 55.000 Euro.

Ëmgekéiert: 50.000 Euro + 2,5 Prozent Zoll = 51.250 Euro

Den “neie Luc” huet sech jo déi vermeintlech Stäerkung vun der Kafkraaft op de Fändel geschriwwen. Firwat dem Trump also net en Deal ubidden, deen dëse säit laangem fuerdert an de Lëtzebuerger Bierger direkt ze gutt kënnt? Schliisslech verlagere souwisou ëmmer méi europäesch Hiersteller wéinst de wäit aus bessere Konditiounen hir Fabriken déi Säit vum Atlantik. Firwat solle Lëtzebuerger Verbraucher net dovunner profitéieren dierfen?