Skip to main content
Allgemein

Biergerkrich a Frankräich – déi libertär Perspektive

By 4. August 2023No Comments

Jang Modert 

Kommentar

De 27. Juni gouf a Frankräich e jonke Kriminellen erschoss, dee probéiert hat sech enger Policekontroll duerch Flucht ze entzéien. De betraffene Beamte koum wéinst engem presuméierten Asazfeeler onmëttelbar an Untersuchungshaft. De Rechtsstaat huet reagéiert.

Trotzdeem huet dës däitlech Konsequenz Dausende vu Leit net dovun ofgehalen, d’Gesetz vermeintlech an déi eegen Hand ze huelen, andeems si iwwert eng Woch laang queesch duerch d’Land Leit terroriséiert, alles kuerz a kleng geschloen, a Brand gestach an all Zorte vu Geschäfter, Banken asw. ausgeraumt hunn.

871 blesséiert Polizisten, iwwert eng Milliard Schued ouni d’Aboussen am Tourismus an dat alles mam Argument, dem Nahel M. “Gerechtegkeet” zoukommen ze loossen. Et bleift ze hoffen, datt de betraffene Polizist trotz allem e fairen an onpolitesche Prozess kritt, mee virun allem stellt sech d’Fro, wéi d’Gesellschaft mat esou engem plëtzlechen, biergerkrichsaartege Gewaltpotenzial soll ëmgoen.

D’Täter selwer verweisen virun allem op hiren angeeblechen Afferstatus als Auslänner. Mee kann een de Phenomen wierklech op dat dacks virbruechten, konservativ Argument vun der kulturfriemer Massenawanderung reduzéieren? De Milton Friedmann sot et kann een e Sozialstaat oder oppe Grenzen hunn, net béides. Effektiv wier bei kloren Täterprofiler primär d’Fro ze  stellen, ob net an éischter Linn déi randaléiert hunn, déi mat hirem Liewen näischt unzefänke wëssen…

Gestrooft ginn all déi, déi all Dag schwéier schaffen, well hir Eegentum zerstéiert gëtt, well si d’Käschte fir de Policeasaz droen, well si d’Steiere fir d’Geriichtsprozesser bezuelen, well si den Täter herno den Openthalt am Prisong bezuelen, well si de Schued un den ëffentleche Gebaier bezuelen asw. Och arabesch Geméishändler an Halal-Metzleren.

Wéi kéint een sech also e konservativ-libertären Ëmgang mat dësem Probleem virstellen? D’Ausweisung vun all Täter, deen op mannst déi duebel Nationalitéit huet, schéngt schonn aus sécherheetstaktescher Siicht gebueden, fir der Situatioun iergendwéi Här ze ginn, mee domat géif een net iwwer Sypmtompbekämpfung erauskommen. Den Hiewel wier éischtens bei der Sträichung vu sämtleche Sozialleeschtungen unzesetzen. Wien d’Gemeinschaft attackéiert, brauch net vun hir finanzéiert ze ginn. Zweetens wier d’Fro vum Schuedensersaz automatesch mam Strofrechtsprozess ze verbannen. A wann et mat 95 nach e Sursis op d’Pensioun gëtt, kënnt kee méi aus der Verantwortung, bis en de verursaachte Schued zeréckbezuelt huet. Gegeebenenfalls eebe sekundär un d’Assurancen…