Skip to main content
Allgemein

D’ADRenalin war mat de Maartleit schwätzen 🇱🇺

By 6. Februar 2023April 27th, 2023No Comments
D’ADRenalin war mat de Maartleit schwätzen, an huet sech vun hinnen iwwer d’Realitéit vum Terrain informéieren geloss.
An dem Zesummenhang hu mir op hir Uleies reagéiert, an hunn mat eisem Deputéierten Fernand Kartheiser eng entspriechend parlamentaresch Fro virbereet.
-Eis Maartleit goufen an de leschte Jore mat enger Rei Schwieregkeete konfrontéiert. COVID, Inflatioun asw.
Zu dësen allgemengen Erausfuerderunge kënnt awer een hausmaacher Probleem dobäi, dee mat dem néidege politesche Wëlle liicht ze léise wier.
-D’Iwwergrëff op eis Maartleit an hir Clienten huelen ëmmer méi zou, d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit beim Akafen ëmmer méi of. Ursaach: Organiséiert Heeschebanden, déi d’Leit belästegen, Saache klauen an déi allgemeng Atmosphär vergëften.
–Firwat kritt d’Police net déi néideg Kompetenzen, fir hei endlech duerchzegräifen?
(Maksymilian Woroszylo, President ADRenalin a Jang Modert , Generalsekretär ADRenalin)