Skip to main content
AllgemeinPressematdeelungen

De Maksymilian Woroszylo ass neien ADRENALIN President

By 14. Juli 2022April 27th, 2023No Comments

No fënnef Joer un der Spëtzt vun der ADRenalin, déi jonk ADR, huet de Michel Lemaire de 4. Mee säin Amt als President néiergeluecht. De Michel Lemaire, dee bei de Chamberwalen 2018 nieft dem Jeff Engelen Co-Spëtzekandidat am Bezierk Norde war, gouf scho virum Nationalkongress vun der ADR am Mäerz zum President vun der ADR-Norde gewielt. An där Funktioun wëll hien sech elo mat ganzer Energie fir de Bezierk Norden engagéieren. Hie bleift awer weider Kommiteesmember vun der ADRenalin.

Successeur vum Michel Lemaire ass de Maksymilian Woroszylo, 24 Joer al a Maschinnebaustudent, dee gëschter mat grousser Majoritéit gewielt gouf. De Maksymilian genéisst an deem Sënn d’Vertraue vum ehemolegen ADRenalin-President, vu sengem Kommitee a vun der ganzer Partei, déi hien haut als neie Member vun der Exekutiv häerzlech wëllkomm geheescht huet.

D’ADRenalin, déi sech iwwert déi lescht Jore gutt opgestallt huet an nei Initiative lancéiert huet, fir déi Jonk fir Politik ze begeeschteren, fleegt e gutt Verhältnis zu hirer Mammepartei, déi am Sënn vun de Jonken eng ganz laangfristeg Politik mécht. An där Kontinuitéit wäert och den nei gewielte Kommitee weiderschaffen. Nieft de Membere setzt sech d’Posteverdeelung elo sou zesummen: President: Maksymilian Woroszylo. Vizepresident: Claude Boulmont. Keessjee: Kevin Serafini. Sekretär(en): Jang Modert a Yannick Lehmann.