Skip to main content
Allgemein

Fanger ewech vun eise Suen!

By 8. Dezember 2022Dezember 12th, 2022No Comments

De 7. Dezember hunn sech d’EU-Finanzminister zu Bréissel getraff a si hunn dann och gläich e flotte Chrëschtcadeau fir hir gebeidelt Bierger bereetgehalen. Zukünfteg dierf de Souverän seng Rechnungen nach maximal bis zu 10.000 Euro mat Boergeld bezuelen (wien op mannst 10.000 Euro vu sengen eegene Sue mat iwwert d’EU-Grenz hëlt, muss dat scho säit Joren deklaréieren). Doriwwer raus soll den Handel mat Aueren, Bijouen, Edelmetaller, Kryptowärungen an anere Verméigenswäerter nach weider reguléiert an iwwerwaacht ginn. Schliisslech stécht an all bravem Steierzueler och e potenziell verdächtegen Terrorist a Geldwäscher deen een duerch eng méiglechst héich Unzuel u Paragraphe viru senger eegener krimineller Energie schütze muss.

Gläichzäiteg huet sech den allgemenge Kafkraaft- a potenzielle Verméigensverloscht, deen déi lescht Jore virun allem duerch déi kënschtlech niddreg Zënsen verursaacht gouf duerch déi héich Geldentwäertung 2022 nach beschleunegt. Esou eng Entwécklung bedeit naturgeméiss eng schwéier Belaaschtung fir déi ganz Gesellschaft, besonnesch awer déi Jonk, déi nach keng Zäit haten, sech eng finanziell Basis opzebauen. Kaum hunn si um Aarbechtsmaart Fouss gefaasst, scho geet dacks hiert integral Akommes fir Grondbedierfnesser wéi Energie, Liewensmëttel a Logement drop. Falls si et dann trotzdeem nach packen duerch extreme Fläiss, Kreativitéit, geschäftleche Courage an dacks och mat der Ënnerstëtzung vun der Famill zou eppes ze kommen, ëmsou méi dierfen si da gläich nees un de Staat offéieren a souguer e rengen Inflatiounsausgläich féiert méi zu engem Avancement an der Steiertabell wéi an der Karriär.

D’Decisioun vum Sommet vu Bréissel ass e weidere Schratt an enger Entwécklung, déi de Bierger ëmmer méi an d’Aarmut a schlussendlech an d’Ofhängegkeet vun engem totalen Iwwerwaachungsstaat dreift. D’Fro, wouvun den Hongerloun u sougenannte “Sozialleeschtunge” soll finanzéiert ginn, wann een de Leit déi Sue virdrun net méi ewechhuele kann, well een engem Plakege nu eebe mol net an d’Täsch gräift, wäerten d’Sozialisten aus sämtleche Parteie sécher da beäntwerten, wann et souwäit ass.

Fir d ́ADRenalin steet fest, datt d’Recht op Privatsphär a Verméigensschutz keng Uewergrenz kennen a fuerdert dohier:

  • déi rechtlech Garantie fir zu Lëtzebuerg all Montant dierfe mat Boergeld ze begläichen, besonnesch och d’Fuerderunge vum Steierbüro;
  • e fräien internationale Kapitalverkéier eran an eraus aus der EU an eng Ofschafung vun der entspriechender Deklaratiounsflicht op Boergeld;
  • eng automatesch Indexéierung vun der Steiertabell;
  • eng automatesch an nodréiglech Indexéierung vun der Kilometerpauschal säit 1992;
  • e steierfräien Handel fir Aueren, Bijouen, Edelmetaller, Kryptowärungen an Oldtimer;
  • eng Diskussioun iwwert eng getrennt Kategoriséierung vu Wäiner a Spirituosen als reng alkoholescht Konsumgutt a Verméigensgéigestänn an eng entspriechend steierlech Upassung;
  • eng Limitt vum Strofzëns fir iertemlech net bezuelte Steieren op den Niveau vum Leetzënssaz;
  • eng Éiwegkeetsgarantie fir den Artikel 39 vun eiser aktueller Verfassung;
  • eng ëffentlech Erklärung vun der Madamm Finanzminister Yuriko Backes zu der Bréisseler Decisioun vum 7. September a falls si dës matgestëmmt huet, hiren onmëttelbare Récktrëtt;
  • en unanime Vott géint déi nei finanziell Repressiounen vun de Lëtzebuerger Vertrieder am EU-Parlament;
  • en direkte Stopp vun den geplangten EU-CO2-Zoller;
  • eng oppen Diskussioun iwwert d’Vir- an Nodeeler vun engem ëffentleche Wärungsmonopol.