Skip to main content
Allgemein

Fräiheet an Identitéit – zwou Säite vun enger Medail

By 25. August 2023No Comments

Jang Modert

Kommentar

Psychologesch schätzt een de Wäert vun eppes, wat  ee verluer huet oder riskéiert ze verléieren tendenziell méi héich an, wéi eppes wat selbstverständlech erschéngt.

Politesch dréckt sech dës Konstellatioun zu Lëtzebuerg aktuell an zwou Verloschtängscht aus. Där vun der Fräiheet an där vun der Identitéit. Déi éischt gëtt besonnesch duerch de Kampf géint d’COVID-Repressiounen, den Iwwerwaachungsstaat a méi rezent och de Verloscht vun eiser staatlecher Souveränitéit, z.B. am Kader vum WHO-Pandemievertragsymboliséiert. Déi éischt huet réischt an de leschte Joren de Wee an d’kollektiv Bewosstsinn fonnt. Déi aner léisst sech säit geschwënn zwanzeg Joer net méi aus der politescher Diskussioun ewechdenken.

Geschützt duerch eng gewëss Wuelstandsblos huet d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger Bierger deen international schläichende Verloscht vun der Fräiheet offenbar verdrängt, bis et net méi goung. D’Gefor vun engem Ausstierwe vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt dogéint alldeeglech ënner Beweis gestallt an duerch d’UNESCO bestätegt.  Wuelgemierkt ouni, datt eng vun de Gambia-Parteien, CSV, déi Lénk asw. jee eppes un hirer Anti-Lëtzebuergescher Grondausriichtung geännert hätten.

An enger Diskussioun ëm eng Propose aus dem Walprogramm vun der Partei “Fräiheet” gouf viru kuerzem d’Fro gestallt, ob een de politeschen Engagement fir eis Sprooch opgrond vun der Drénglechkeet net soll zu Gonschte vum allgemenge Fräiheetskampf reduzéieren. Kuerz Äntwert: et handelt sech ëm zwou Säite vun der gläicher Medail. Identitéit gëtt an éischter Linn vun enger selbstbewosster Zivilgesellschaft gedroen a kann duerch d’Regierung ënnerstëtzt (oder bekämpft) ginn. Fräiheet gëtt duerch d’Zougehéiregkeet zu engem gläichgesënnte Kollektiv organiséiert an duerch en institutionelle Kader ëmmer rëm nei ausbalancéiert a vun enger gemeinsamer Identitéit gedroen. Sou d’Grondiddi vun de fräiheetlechen Nationalstaaten.

Säit der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert gëtt dëst Fundament vun ëmmer méi supranationalen Strukturen (EU, WHO asw.) déi sech dacks iwwer berechtegt Uleies (Weltfridden, Weltgesondheet asw.) verkafen, iwwerlagert an d’Fräiheet ënnergruewen. International Zesummenaarbecht géif sech iwwer bestoend oder an hire Kompetenze kloer limitéiert Ariichtungen organiséieren loossen. Falls een iwwerall- an néierens op der Welt doheem ass a gären engem kulturellen Eenheetsbräi ugehéiert, kann een doran awer e Virdeel gesinn.

Entspriechend läit d’Gläichschaltung vu klenge Sproochen an Identitéiten an engem grousse Konglomerat am natierlechen Interesse vun deene genannten Organisatiounen, fir sech selwer auszedeenen. Fräiheet an Identitéit loossen sech duerfir och just gemeinsam verdeedegen. Fräi Mënsche brauchen eng gesond Identitéit, eng selbstbewosst Identitéit setzt fräi Mënsche viraus.