Den Ugrëff vu Russland op d’Ukrain stellt een kloren Verstouss géint d’Vëlkerrecht ewéi och géint divers Ofkommes duer.Mir als d’Jugendpartei vun der ADR sinn solidaresch mat der Ukrain an mir verurteelen op d’déifst d’Handelen vun der Russescher Regierung. Mir mussen eis awer bewosst sinn, dat mir an engem globalen System liewen an ‘Perspektiv, dass des Situatioun just nach MÉI geféierlech kann ginn, (ass do) muss eis bewosst sinn. Mir sollten des Situatioun sou schnell wei méiglech andämmen, an alles dorun setzen, dass nieft den Erwuessenen och den jonken Ukrainer eng Sécherheet bei eis zu Lëtzebuerg garantéiert gëtt.
Jonker, déi nach virun kuerzen an d’Schoul oder op d’Uni gaangen sinn, an a Fridde liewen konnten, sinn elo gezwongen zur Waff ze gräifen fir hiert Heemechtsland ze verdeedegen.
Een Zenario den mir bis haut als onméiglech agestuuft hunn.
An dëser Hisiicht, wëllen mir als Adrenalin déi folgend Mesuren opruffen :
- Finanziell an humanitär Hëllef, vir den Ukrainer an déifster Nout ze hëllefen.
Vir déi Leit déi aus den ukraineschen Geforenzonen flüchten:
Schutz an Hëllef ewéi och Medezinesch Versuergung vir soulaang wei si et brauchen. - Diplomatesch soll vun eiser Regierung ofgeschwat ginn, wat vir eng
Sanktiounen déi bescht Wierkung hätten, esou dat awer nëmmen och déi
SCHËLLEG getraff ginn. - Onmënschlech Handlungen an den Brooch vum Krichsrecht sollten op
dat Déifst verurteelt ginn.
Mir begréissen ausdrécklech d’Entscheedung em d’Ausschaffen vun enger vereinfachten Reegelung vun der EU den Krichsflüchtlingen aus der Ukrain sou schnell wei méiglech an esou onbürokratesch wei méiglech en Flüchtlingsstatut ze ginn ouni beschwéierend Prozeduren.