
Jang Modert
Kommentar
Och déi Lëtzebuerger Jugend bedeelegt sech gär um Trend vun de sougenannte Klimastreiks. Schliisslech fäerte vill Leit opgrond vun der säit Joerzéngten fir déi “nächst Generatioun” ugekënnegt Klimakatastroph selwer geschwënn zur “leschter Generatioun” ze gehéieren. Besonnesch attraktiv gëtt den entspriechenden Aktivismus dann, wann ee selwer Waasser priedegen a Wäin saufe kann.
Dobäi trëfft d’Grondfeststellung, datt op déi Jonk Leit dramatesch Erausfuerderungen duerkommen a sämtlech grouss Parteien déi zukünfteg Substanz irresponsabel verbëtzen u sech zou.
Vun 2027 u gëtt Lëtzebuerg méi fir d’Pensiounen aus, wéi datt erakënnt, bis 2047/48 sinn d’Reserven opgebraucht, bäi de Gemengebeamten gëtt des Joer schonn en déck Lach an d’Kees gerappt. Pensiounsdebatt an der Chamber oder am Walkampf? A Quetschen och…Géif een d’Begrëffer vun eise Ministere benotzen, misst een se wuel als “Pensiounsleugner- oder Skeptiker” bezeechnen.
Tatsaach bleift awer: wann déi aktuell Pensiounsuspréch bäibehale ginn, muss een se bezuelen. Entweder ginn d’Bäiträg erop, den Antrëttsalter erhéicht oder den Rentenniveau gesenkt. Egal wéi, gëtt et um Enn nëmme Verléierer.
Dësen Zenario léisst sech vermeiden, wann een sech traut gedanklech aus eise sozialistesche Strukturen auszebriechen. Déi meeschte Lëtzebuerger Bierger ginn aktuell schaffen, well se gleewen all mateneen am Lottospill vun der Pensiounskeess gewannen ze kënnen. Méi richteg wier et awer, schaffen ze goen, fir iergendwann net méi misse schaffen ze goen.
Viraussetzung fir dësen Zenario:
- eng massiv Erhéijung vun der Kafkraaft duerch eng Réckkéier zum Goldstandard o.ä;
- eng Opwäertung vun der finanzieller Allgemengbildung;
- eng massiv Erhéijung vum Steierfräibetrag fir privat Pensiounsspuerpläng;
- eng Sanéierung vum Staatsbudget;
- e méi favorabele Kader fir Start-Upen;
- a schliisslech e Referendum iwwert déi proposéiert Moossnamen;
Et ka jo keen sech wënschen, datt déi Lescht-Generatiouns-Propaganda vun de Klimahysteriker iwwert den Ëmwee vun de Pensiounen och nach bestätegt gëtt.