Als ADRenalin sinn mir entsat iwwer den Favoritismus deen hei kënschtlech opgepompelt gëtt: D’OGBL Esch huet all bekannten Jugendparteien (ausser natierlech d’ADRenalin) agelueden fir eng Diskussioun iwwer den ‚radikalen’ rietsen Schwong ze leeden, deen elo an Italien duerchkënnt. (Link)
Ënnert anerem gëtt ernimmt, dat den Kampf géint Riets ‚intensivéiert’ muss ginn.
Wat fir een Kampf?
D’Leit hunn es genuch vun deem pseudo moraleschen Wansinn deen vun der EU gedroen gëtt. Als Adrenalin sinn mir eis sécher : Déi aner Jugendparteien ieren sech gewalteg, an den Mënsch an senger Natur wäert den EU-Zentralismus däitlech ofleenen. Wéi d’Giorgia Meloni richteg gesot huet: D’EU ewéi och déi lenks liberal Parteien wëllen eis Identitéiten op eng Nummer reduzéieren an eis Fräiheeten do wou et geet wechhuelen. Sou kann een den Mënsch besser kontrolléieren. Mir als Adrenalin stinn fir d’Fräiheet vun all Mënsch, géint
Zensur, an fir den oppenen diplomateschen Ëmgang mat eisen Matmënschen.
Mir respektéieren d’Entscheedung vum italieneschen Vollek voll a ganz an felicitéieren dem Giorgia Meloni häerzlech, an begréissen all zukünfteg Zesummenaarbecht.
Matgedeelt vun der ADRenalin, den 26. September 2022.