Skip to main content
Allgemein

Wat mécht  d’ADRenalin sou attraktiv ? 

By 16. Juni 2023No Comments

Maksymilian Woroszylo

Kommentar

Wat mécht  d’ADRenalin sou attraktiv ?

Klimaangscht, Identitéitspolitik a Sécherheet als ‚Gefill‘ ofstempelen.

Maacht mol kuerz d’Aen zou : U wat fir eng Jugendpartei denkt dir dann ?

Warscheinlech un all eis Mainstream Jugendparteien (CSJ, Déi Jonk Gréng, Jonk Sozialisten, Jonk Liberal). Mir hunn en Eenheetsbräi bei de Jugendparteien:  D’Differenze fënnt e just mat enger Lupp. D’Politik vun der Mainstream Jugend ass iwwerall déi nämmlecht. Si ass awer virun allem onattraktiv. Wou ass déi rebellesch Oder fir eppes ze veränneren ? Fir eng Beweegung an d’Liewe ze ruffen ? Fir d’Jugend ze beweegen ? Ze inspiréieren ? – Net do. Amplaz sech rebellesch ze weisen, an eng däitlech Sozialpolitik ze bedreiwen – a géint d’Ongläichheeten op d’Strooss ze goen an ze manifestéieren – sëtzt eisen Eenheetsbräi léiwer zesumme beim RTL a heemelt sech géigesäiteg de Réck. Et ass dëse Mix aus enger onéierlecher lénker modernistescher a progressiver Politik, déi op iwwerdriwwen emotionell Dystopie wäertleet – déi onattraktiv ass. Déi Politik ass onattraktiv, well et just bei enger Image-Campagne bleift, a keng Doten proposéiert ginn. Och d’Optriede vun dëse ,,Jugend” Parteie ass méi ewéi komesch: E mini Gloden, E mini Fayot, E mini Bettel an E mini Gréngen. All Talk No Action: Dat ass dat wat bei de meeschte Jugendparteie just bleift. Et gëtt just drop gewaart fir eng Plaz zougesot ze kréien – kee vun de Jugendleche traut sech eppes Ongewinntes ze versichen. Kee vun hinnen traut sech, aus der ,,Rei” ze danzen. Op Kommando vun der Mammepartei, gëtt alles gemaach – domadder d’Jugend onattraktiv bleift. D’Strukturen an déi nächst politesch Zich si vun de Mammeparteien jo scho laang am Viraus geplangt – Do kann an däerf eng Jugend net rebelléieren.

Responsabilitéit ze iwwerhuelen – Bei d’Leit ze goen – aktiv ze sinn – vill a gutt ze schaffen – Individualitéit – dat ass attraktiv. Attraktivitéit léisst sech och net duerch medial Campagnen sozial konstruéieren: Et ass kee fluide Bestand, et ass eng Tatsaach.

An Tatsaach ass, datt mir déi aktiivst Jugendpartei sinn 😉