
Den 23. August war bei Reporter.lu ze liesen, datt de fréieren LSAP-Deputéierten a Minister Lucien Lux, dee mëttlerweil säit 2014 am Staatsrot sëtzt, de komplementaren Avis zu der liberaler Medezin un e private Geschäftsmann weiderginn huet, ier dëse gestëmmt war.
Den Här Lux gëtt och grondsätzlech e Feeler zou, wëll awer keng weider Konsequenzen doraus zéien. Déi Lénk hunn doropshin net nëmme säi Récktrëtt, mee och d’Ofschafung vum Staatsrot a senger aktueller Form (wuel fir selwer méi Afloss op déi héich Kierperschaft kënnen ze huelen) gefuerdert.
De Probleem läit awer net an der Zesummesetzung vum Staatsrot. Et ass vill méi ze begréissen, datt vill Memberen nach Qualifikatiounen aus anere Beräicher, notamment der Privatwirtschaft matbréngen. Falls een, wéi den Här Lux dann dobäi och nach iwwert de Pensiounsalter raus schaffe geet, verdéngt een duerfir fir d’éischt emol Respekt. Weider ass et och dat gutt Recht vun engem fläissege Geschäftsmann, dee warscheinlech iwwerproportional zum Steieropkommes bäidréit, fir säi Gléck einfach emol ze probéieren.
De Probleem läit virun allem an der Fro vum politesche Stil, wou de fréieren LSAP-Generalsekretär stellvertriedend fir seng Partei an déi ganz Regierung steet. Als Member vum Staatsrot bekleet den Här Lux en héich ëffentlecht Amt an de Bierger dierf mat Recht deen néidege Professionalismus erwaarden. Hie wier verflicht gewiescht, déi entspriechend Demande héiflech awer kloer ze refuséieren.
Déi meeschte Leit wäerten sech un den Här Lux als dee Minister erënneren, deen den 0,5 agefouert an zäitgläich mam Akraafttriede vum Gesetz d’ganz Land mat Policekontrollen iwwerzunn huet. (A schonn an der Legislaturperiod 2004-2009 déi fix Radare wollt aféieren). Alt nees gesi mir dat Moosse mat zweeërlee Mooss. Bierger, déi eppes maachen, wat se net sollen, mussen duerch dem Här Lux seng Gesetzgebung mat massive Konsequenze rechnen. Mee hir selwer dierf no eegenem Versteesdemech dat mat enger klenger Entschëllegung säi Poste behalen an domat um politesche Geschéien dru bleiwen, mam Risiko datt de Schued amplaz op eng eenzel Persoun begrenzt ze bleiwen, de ganze Staatsrot a Verruff bréngt.
Här Lux, heimat fuerderen ech Iech op, mech ze widderleeën an zeréckzetrieden.